Reboot

Ok, hei hunn ech näischt geschriwwen zënter zwou Méint. Et gëtt e puer Ursaachen zu dësem Fakt:

 

  • Ech hunn d'Theme menger Lëscht net gär. Et ass schwéier fir mech Iddien aus dësen Themen ze fannen, wëll si wierklech vague sinn. Heiansdo sinn si schwéier iwwerzesëtzen (zB: franséisch Expressiounen). Ech hu mierkt datt, ech fänken e puer Wierder mam Thema un, an dono maachen ech weider mat enger aneren Iddi, déi keng echt Verbindung mam Thema huet. An ech mengen, dësen Theme sinn net witzeg!
  • Ech schreiwen nëmme fir mech, fir besser op Lëtzebuergesch ze ginn. Awer um Enn Januar hunn ech e puer Leit gefrot dës Blog ze liesen. Vläicht mäi Lëtzebuergesch Proff liest dat an der Zukunft. Awer et war eng Fehler. Mam Leit, déi mäi Blog liesen, ass et schwéier fir mech ze schreiwen. Meng Bäiträg sinn net interessant! 
  • Ech hunn eng Iwwerdosis  gemaach. Um Enn Januar war ech spéit fir véier oder fënnef Bäiträg ze publizéieren. Ech hunn de Weekend all geschriwwen, allerdéngs hunn ech dono keng Loscht weiderzemaachen. Nächst Kéier, wann ech spéit sinn, probéiere ech net d'Verspéidung ze verbesseren.

Tatsächlech wëll ech besser op Lëtzebuergesch ze schreiwen. Fir all dësen Ursaachen, muss ech en "Reboot" dës Übung maachen. Keng komesch Theme méi. Ech schreiwe mäin eege Lëscht. Keng Verspéidung méi, an ech hunn Hinne gewarnt, ech behaapte keng interessant Beitrag ze schreiwen ;)

E Commentaire bäisetzen

HTML code is displayed as text and web addresses are automatically converted.

Erop réckelen